Wärend d’Elektromobilitéit ëmmer méi an de Käpp vun de Leit present ass, werft d’Thema och vill Froen op. Bei Geleeënheet vum Autofestival versicht myenergy dës ze beäntweren.
Den 20. Januar esou wéi den 2. an de 4. Februar um 19:00 Auer organiséiert myenergy online Konferenzen zum Thema Elektromobilitéit.
De Beroder vu myenergy gëtt en Abléck an de Marché vun der Elektromobilitéit zu Lëtzebuerg an erkläert d’Luet-Infrastruktur esou wéi di staatlech Primmen.
Ausserdeem presentéiert hien de carboncounter.lu, d’Vergläichsportal fir CO2-Emissiounen a Käschte vun Autoen zu Lëtzebuerg, a beäntwert Froen.
Fir méi Informatiounen:
myenergy – Webinar électromobilité
myenergy – Webinar Elektromobilität
Facebook:
– 20. Januar 2021 um 19:00 Auer op Lëtzebuergesch : https://fb.me/e/bnyRU2wRD
– 2. Februar 2021 um 19:00 Auer op Franséisch : https://fb.me/e/27u7Y5Jyq
– 4. Februar 2021 um 19:00 Auer op Englesch : https://fb.me/e/iF4rMWZrg