UNICEF Lëtzebuerg: Aktioun Porte-à-Porte

UNICEF Lëtzebuerg: Aktioun Porte-à-Porte

D’ Gemeng Fréiseng informéiert Iech, datt d’UNICEF d’nächst Woch mat senger ‚Porte à Porte‘ Campagne weiderfiert.

Bei dëser Campagne gi se bei d’Leit schellen, fir se iwwert hier Aarbecht z’informéieren an hinnen d’Geleeënheet ze ginn, sech anzeschreiwe fir reegelméissegen Donateur vun hierer Organisatioun ze ginn. Dëst iwwert en Tablett. Dës Campagne ass vir sie als Organisatioun enorm wichteg, se sinn op hier reegelméisseg Spender ugewise vir hier Aarbecht fir d’Kanner iwwerhaapt kënnen ze maachen, dëst virun allem am Kontext vu weltwäite Krisensituationen.

Mam Relâchement vun de generelle sanitäre Mesuren hunn se och sech selwer adaptéiert. D’ Mataarbechter hunn net méi d’office eng Mask un a rullen och net méi den Teppech vun 2m aus, vir eng Distanz ze garantéieren. Si hunn allerdéngs Masken nach ëmmer dobäi, sou datt si sech kënnen upasse falls den Donateur sech méi wuel fillt wann eis Leit d’Masken droen. Et steet deem Eenzelen selbstverständlech fräi, fir och weiderhin seng Mask unzehunn. Weiderhin en place sinn och nach folgend Mesuren:

  • Si hunn Desinfektiounsmëttel derbäi.
  • Fir datt den Donateur seng Domiciliatioun ka validéieren, ginn et weiderhinn 2 Méiglechkeeten:
    • Entweder kritt en e Verifizéierungsscode per SMS geschéckt, deen en dem Mataarbechter gëtt vir esou direkt an ouni Kontakt seng Domiciliatioun z‘aktivéieren.
    • Wann den Donateur dëst net wëll oder ka maachen, bleift nach ëmmer d’Méiglechkeet, mat sengem Stëft op der Tablett z‘ënnerschreiwen. An deem Fall gëtt d‘Tablett virdrun desinfizéiert.

Weiderhi sinn och hier allgemeng Informatioune gülteg, wéi een hier Leit als Mataarbechter vun der UNICEF kann identifizéieren:

  • Si huelen zu kengem Zäitpunkt boer Suen
  • Si kënnen sech mat engem Badge ausweisen an hu Kleeder mat hierem Numm a Logo un.
  • D’Inscriptioun gëtt, wéi gesot, iwwert eng Tablett gemaach an net op Pabeier.

Fir weider Informatiounen: https://www.unicef.lu/unicefteam/

Des articles de la même catégorie

L’Éducation Non Formelle Gratuite pour votre Enfant

L’Éducation Non Formelle Gratuite pour votre Enfant

L'ÉDUCATION NON FORMELLE GRATUITE POUR VOTRE ENFANT L'éducation non formelle joue un rôle essentiel dans l'épanouissement de votre enfant et pour ses chances de réussite. Elle complète l'éducation formelle dispensée à l'école. Elle permet à votre enfant de développer,...

lire plus