Energiespuer-Campagne « Zesumme spueren – Zesummenhalen »
Viru Kuerzem ass déi national Energiespuer-Campagne ‘Zesumme spueren – Zesummenhalen’ virum Hannergrond vun der aktueller Energiekrise vum Energieministère virgestallt ginn.
An dësem Kader hat d’Klima-Agence zesumme mam Energie-, Logement- a Familljeministère, dem SYVICOL an der Chambre des Métiers den 8. September e Webinar fir d’Gemengen an d’Offices sociaux organiséiert.
D’Présentation fannt Dir an der Annexe an de Replay vum Webinar steet Iech iwwer follgende Link zur Verfügung: youtu.be/6wwMknZLro4
All d’Informatiounen zu de Spuermoossnamen, den am Webinar virgestallten Aiden an zur Campagne fannt Dir op www.zesumme-spueren.lu.
Fir all aner Froe kënnt Dir Iech u communication@klima-agence.lu wenden.