De Mouvement Ecologique, zesumme mam Musée National d’Histoire Naturelle, invitéiert häerzlech op eng Konferenz mam Dr. Axel Hochkirch, Professer fir Biodiversitéit an Naturschutz, zum aktuellen Thema
Insektensterben und Biodiversität:
Warum der Schutz der ganz Kleinen eine unserer größten Prioritäten sein sollte!
Mëttwochs, de 17. Abrëll 2024 um 20.00 Auer
am Hotel Parc Belle-Vue, 5, avenue Marie-Thérèse, Lëtzebuerg
Umeldung: meco@oeko.lu
Fir méi Informatiounen:
« Aktioun Hues »
Mir wëllen iech och op d’Aktioun Hues vum Mouvement écologique opmierksam maachen.
Mat dëser Aktioun wëllen de Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall mat der Hëllef vun interesséierten an engagéierte Bierger:innen erausfannen, wou et nach iwwerall Huesen zu Lëtzebuerg gëtt. Esou kënne bestoend Populatioune besser geschützt an d’Uspréch, déi dëst Déier u säi Liewensraum stellt, besser identifizéiert ginn. Mat dëser Aktioun soll awer och op de Schutz vum Hues sengem Liewensraum opmierksam gemaach a sensibiliséiert ginn.
Méi Informatioune fannt dir an den Déplianten heidrënner oder op eiser Säit Nature et environnement.