« Ei, ei, ei, lo ass de Kleeschen hei » – En Nomëtteg mat Geschichten a Lidder
All Kanner tëscht 4 a 7 Joer sinn häerzlech agelueden, zesumme mat eis spannende Geschichten nozelauschteren an déi schéinsten Nikloslidder ze sangen.
D’Arlette Schroeder-Hansen erzielt aus hirem Buch « Ei, ei, ei, lo ass de Kleeschen hei! », wéi de Georges an d’Léonor déi Deeg virun Niklosdag erliewen.
D’Arlette gëtt musekalesch vum Daniel Lang begleet.
D’Zuel vun de Kanner ass op 30 limitéiert. Pro Kand kënnen maximal zwee Erwuessener als Begleedung dobäi sinn.
Reservatioun :
Tel.: 2 66 84 08-1
reception@frisange.lu
Tel.: 2 66 84 08-1
reception@frisange.lu