
Soirée d’information : Péri-Ménopause, entre révolution et métamorphose
🇱🇺 Et leeft net méi! – Fraegesondheet am Wandel
D’Menopause ass eng natierlech Etapp am Liewe vun all Fra. Déi hormonell Verännerungen an hir Auswierkungen op de Kierper, d’Gehier, d’Gesondheet an d’Liewensqualitéit ginn awer nach ëmmer dacks ënnerschat oder net richteg erkannt.
Ënnert dem Titel „Et leeft net méi! – Fraegesondheet am Wandel, vun der Perimenopause zur Postmenopause“ invitéiert d’Gemeng Fréiseng zesumme mat LëtzMenopause – The Luxembourg Menopause Society op en Informatiounsowend ronderëm dëst Thema.
D’Konferenz erkläert déi hormonell Verännerungen an hir méiglech Auswierkungen, raumt mat Mythen op a weist, wéi Wëssen, Präventioun, e gesonde Liewensstil an déi richteg Ënnerstëtzung dozou bäidroe kënnen, d’Gesondheet an d’Liewensqualitéit ze erhalen.
D’Konferenz dauert ongeféier annerhallef Stonn a gëtt op Lëtzebuergesch gehalen, mat enger visueller Presentatioun op Franséisch. Uschléissend si ronn 30 Minutte fir Froen an Äntwerte virgesinn.
🌐 Fir Persounen, déi der Konferenz léiwer op Franséisch suivéieren, stinn och Plaze mat franséischer Iwwersetzung zur Verfügung.
D’Konferenz riicht sech net nëmmen u Fraen, mee och u Partnerinnen a Partner, Familljen, Frënn an all Persoun, déi d’Menopause besser verstoe wëll.
📅 Freideg, 16. Oktober 2026
🕡 18h30
📍 Sall Hadespelt, Uespelter Schlass
🎟️ Gratis Entrée
Umeldung erfuerderlech:
📧 reception@frisange.lu
📞 23 66 84 08-100
🇫🇷 Et leeft net méi ! – La santé des femmes en transition
La ménopause est une étape naturelle de la vie de chaque femme. Pourtant, les changements hormonaux et leurs effets sur le corps, le cerveau, la santé et la qualité de vie restent encore trop souvent sous-estimés ou mal compris.
Sous le titre « Et leeft net méi ! – La santé des femmes en transition, de la périménopause à la postménopause », la Commune de Frisange, en collaboration avec LëtzMenopause – The Luxembourg Menopause Society, propose une soirée d’information consacrée à cette période de la vie.
La conférence abordera les changements hormonaux et leurs effets possibles, permettra de déconstruire certaines idées reçues et montrera comment l’information, la prévention, un mode de vie sain et un accompagnement adapté peuvent contribuer à préserver la santé et la qualité de vie.
La conférence durera environ une heure et demie et se tiendra en luxembourgeois, accompagnée d’une présentation visuelle en français. Elle sera suivie d’environ 30 minutes de questions-réponses et d’échanges avec le public.
🌐 Des places avec traduction en français seront également disponibles pour les personnes souhaitant suivre la conférence en français.
Cette conférence ne s’adresse pas uniquement aux femmes, mais également aux partenaires, aux familles, aux proches et à toute personne souhaitant mieux comprendre la ménopause et soutenir les femmes de son entourage.
📅 Vendredi 16 octobre 2026
🕡 18h30
📍 Salle Hadespelt, Château d’Aspelt
🎟️ Entrée gratuite
Inscription obligatoire :
📧 reception@frisange.lu
📞 23 66 84 08-100

