Senioren Apéro & Wëlle Wäin

Senioren Apéro zu Uespelt 🍷

D’Kommissioun vum 3. Alter invitéiert iech op ee gemittlechen Apéro voller Austausch, flotter Gespréicher a schéine Momenter 💛

Nieft dem gesellegen Zesummesinn gëtt och de neie “Club Wëlle Wäin” virgestallt, eng flott Initiativ fir Leit iwwer 50 (awer net nëmmen 😉), déi d’Wuelbefannen, sozial Kontakter an en aktive Liewensstil ënnerstëtzt.

📍 T’Scheier Aspelt
📅 Samschdeg, 13.06.2026
🕙 10h00 – 18h00

👉 Kommt laanscht, schwätzt mat, deelt är Iddien a verbréngt e flotte Moment zesummen 😊

Navette op Reservatioun méiglech:

📞 23 66 84 08-1
📧 reception@frisange.lu

Date

13 juin 2026

Heure

10:00 - 13:00
QR Code
Aller au contenu principal