
Chrëschtmaart
Chrëschtmaart 2026
Vum 11. bis den 13. Dezember 2026 verwandelt sech de Schlasshaff zu Uespelt nees an e gemittleche Chrëschtmaart.
Zesumme mat de Veräiner aus der Gemeng invitéiert d’Gemeng Fréiseng Iech, déi festlech Atmosphär ze genéissen, zesummenzekommen a sech op Chrëschtdag anzestëmmen.
Kommt laanscht a verbréngt e puer schéi Stonnen am Häerz vun Uespelt!
Ëffnungszäiten:
- Freides, 11. Dezember: 18:00–22:00 Auer
- Samschdes, 12. Dezember: 15:00–22:00 Auer
- Sonndes, 13. Dezember: 10:00–16:00 Auer
Offiziell Ouverture: Freides, den 11. Dezember um 18:00 Auer.
Plaz: Schlasshaff zu Uespelt, Péiter vun Uespelt-Strooss
Busnavette: Wärend dem Chrëschtmaart fiert eng Busnavette duerch d’Gemeng. Mir invitéieren Iech, Ären Auto doheem ze loossen oder an der Gemeng ze parken an d’Navette ze notzen. Den detailléierte Fuerplang fannt Dir am Dokument hei drënner.
De genaue Programm gëtt nach matgedeelt.
_________________________
Marché de Noël 2026
Du 11 au 13 décembre 2026, la cour du Château d’Aspelt accueillera à nouveau le traditionnel marché de Noël de la Commune de Frisange.
Organisé en collaboration avec les associations locales, cet événement vous invite à partager un moment convivial, à profiter de l’ambiance festive et à vous plonger dans la magie de Noël.
Venez passer un agréable moment en famille ou entre amis dans un cadre chaleureux et féerique !
Horaires d’ouverture :
- Vendredi 11 décembre : 18h00–22h00
- Samedi 12 décembre : 15h00–22h00
- Dimanche 13 décembre : 10h00–16h00
Ouverture officielle : Vendredi 11 décembre à 18h00.
Lieu : Cour du Château d’Aspelt, Péiter vun Uespelt-Strooss
Navette : Un service de navette desservira les différentes localités de la commune pendant le marché de Noël. Nous vous invitons à laisser votre voiture à domicile ou à stationner dans la commune et à privilégier la navette. Les horaires détaillés sont disponibles dans le document ci-dessous.
Le programme détaillé sera communiqué ultérieurement.

