Kabaret Sténkdéier – Alles a Fränjelen

Opgepasst: De Kabaret „Sténkdéier – Alles a Fränjelen“ vum 27. November 2026 fänkt um 20:00 Auer un an net um 19:00 Auer, wéi um ausgedeelte Flyer uginn.

Mir entschëllegen eis fir dëse Feeler a soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech.

D’Operatioun ass gelong, de Patient ass dout!

Europa ass ugezielt, d’Welt steet op der Kopp an och zu Lëtzebuerg leeft net alles wéi geplangt. Vu Gesondheets- a Pensiounsreformen iwwer bezuelbare Wunnraum bis hin zu de politeschen Debatten: Et feelt net un Themen, déi fir Diskussioune suergen.

Mat sengem neie Programm „Alles a Fränjelen“ hëlt de Kabaret Sténkdéier déi aktuell gesellschaftlech a politesch Entwécklungen op d’Schëpp. Mat Ironie, Satir an enger gudder Portioun Sarkasmus gëtt dat kommentéiert, wat eis am Alldag beschäftegt.

En Owend, dee mol zum Laache bréngt, mol zum Nodenken ureegt…. a sécher net alles esou stoe léisst, wéi et ass.

Op der Bün: Conny Braquet, Liette Engel, Joëlle Muller, René Engel a Luc Schumacher
Texter a Regie: Roland Meyer
Musek: Camille Nanquette

Praktesch Informatiounen

📅 Freideg, 27. November 2026
🕖 20h00
📍 Salle Hadespelt, Château d’Aspelt

Sprooch vum Spektakel: Lëtzebuergesch

Entrée:

  • Normalpräis: 20 €
  • Studenten: 8 €

🎟️ Ticketen iwwer: www.luxembourg-ticket.lu

____________________

Kabaret Sténkdéier – Alles a Fränjelen

Attention : Le cabaret « Sténkdéier – Alles a Fränjelen » du 27 novembre 2026 débutera à 20h00 et non à 19h00, comme indiqué sur le flyer distribué.

Nous vous prions de nous excuser pour cette erreur et vous remercions de votre compréhension.

L’opération a réussi, le patient est mort !

L’Europe traverse une période mouvementée, le monde semble perdre ses repères et le Luxembourg n’échappe pas aux défis de notre époque. Réformes de la santé et des retraites, logement abordable, débats politiques : les sujets ne manquent pas !

Avec son nouveau spectacle « Alles a Fränjelen », le Kabaret Sténkdéier porte un regard satirique sur l’actualité politique et sociale, au Luxembourg comme ailleurs.

Entre ironie, satire et sarcasme, la troupe aborde avec humour les grandes questions de notre société et les contradictions du quotidien.

Une soirée qui promet de faire rire, réfléchir et parfois grincer des dents !

Sur scène : Conny Braquet, Liette Engel, Joëlle Muller, René Engel et Luc Schumacher
Textes et mise en scène : Roland Meyer
Musique : Camille Nanquette

Spectacle en langue luxembourgeoise.

Informations pratiques

📅 Vendredi 27 novembre 2026
🕖 20h00
📍 Salle Hadespelt, Château d’Aspelt

Langue du spectacle : luxembourgeois

Tarifs :

  • Tarif normal : 20 €
  • Étudiants : 8 €

🎟️ Billetterie : www.luxembourg-ticket.lu

Programme horaire

Jour suivant

Jour suivant

Date

27 novembre 2026

Heure

19:00 - 21:00

Lieu

Château d'Aspelt - Salle Hadespelt
Catégorie
QR Code
Aller au contenu principal