Liesung mam Arlette Schroeder „Ei, ei, ei, lo ass de Kleeschen hei“

Ei, ei ,ei, lo ass de Kleeschen hei.

Arlette Schroeder-Hansen begleet vum Claudine Schott (Gesang a Piano)

Am Dezember sinn d’Kanner ganz opgereegt, well den Dag wou de Kleesche kënnt réckelt ëmmer mi no. Zesumme mat der Mamma, dem Pappa, der Bomi an dem Bopi bereeden si sech op dee groussen Dag vir.

Si bastelen, schreiwen dem Kleeschen e Bréif mat hire Wënsch a léiere fläisseg di schéi Kleesercherslidder.

<centre>Samsdes den 2. Dezember 2023 um 16.00 Auer wëlle mir am Uespelter Schlass op de Kleesche waarden.</centre>

Mir lauschteren a kucke wéi de Georges an d’Léonor di Deeg virun Niklosdag verbréngen, a mir sangen dem Kleeschen seng schéinste Lidder zesummen.

All Kanner vu 4 Joer bis 7 sinn häerzlech agelueden eng heemlech Stonn mat eis ze verbréngen. A wie weess, wa mir ganz brav sinn…

Aus organisatoresche Grënn, musst Dir Iech umellen iwwer Telefon op den 23 66 84 08 – 1 oder per Email un reception@frisange.lu.

D’Zuel vun de Kanner ass op 20 limitéiert.

Pro Kand däerfe max. zwee Erwuessener als Begleedung matkommen.

Date

02 décembre 2023
Expiré!

Heure

16:00

Lieu

Château d'Aspelt
37, Péiter vun Uespelt-Strooss, Aspelt
QR Code
Aller au contenu principal