
Halloween Quizowend
Quizowend (ab 11 Joer) organiséiert vum Jugentreff Fréiseng an der Jugendkommissioun
Mell dech un op e spannende Quiz-Owend an der Gemeng Fréiseng!
An der Hierschtambiance erwaart dech e Quiz am Halloween-Stil, mat Froen déi dech erausfuerderen a vill Spaass garantéieren.
Nieft de spannende Quiz-Ronne suergen Deko, Snacks a Gedrénks am Halloween-Thema fir déi richteg Stëmmung.
Ob als Team oder eleng – all Mënsch ass wëllkomm, dee Freed huet sech ze testen a gläichzäiteg e lëschtegen Owend ze verbréngen.
Wichteg: Gëff bei der Umeldung w.e.g. däin Alter un. All Persoun muss eenzel ugemellt ginn, soss gesi mir net wéi vill deelhuelen.

