
Repair Café
🇱🇺 Repair Café zu Helleng
Flécken amplaz ewechgeheien! 🔧♻️
Den 10. Oktober 2026 mécht de Repair Café nees Statioun zu Helleng. Hei kënnt Dir futtis oder defekt Géigestänn matbréngen an zesumme mat erfuerene Leit probéieren, hinnen en zweet Liewen ze ginn.
Ob Kleeder, Elektrogeräter, Vëloen oder mechanesch Géigestänn, beim Repair Café kritt Dir professionell Rotschléi an Ënnerstëtzung bei der Reparatur. Dobäi geet et net nëmmen ëm d’Flécken. De Repair Café ass och eng Plaz fir sech ze begéinen, Wëssen auszetauschen an sech inspiréieren ze loossen.
Eng flott Geleeënheet, fir Ressourcen ze schounen, Offall ze vermeiden an ze entdecken, wat sech alles nach reparéiere léisst.
📅 10. Oktober 2026
🕘 9h00–12h00
📍 Centre polyvalent, Helleng
💶 Fräiwëlleg Spend
________________________________

