Les informations bus en temps réel directement à l’arrêt

🇱🇺 Businfo an Echtzäit direkt um Arrêt
Wéini kënnt den nächste Bus? Op de RGTR-Bushaltestellen an der Gemeng Fréiseng kënnt Dir déi aktuell Informatiounen zu Ärer Verbindung elo ganz einfach per QR-Code opruffen.
Scannt dofir de QR-Code um Arrêt mat Ärem Smartphone. Dir gitt direkt op eng Säit weidergeleet, wou Dir déi wichtegst Informatioune fir Är Rees fannt:
déi nächst Departen an Echtzäit;
d’Horairë vun de Linnen, déi den Arrêt ufueren;
d’Méiglechkeet, Är Rees an Är Verbindungen ze plangen;
Informatiounen zu aktuelle Stéierungen;
eng Kontakt- a Feedback-Säit.
Sou gesitt Dir direkt um Arrêt, wéini Äre Bus fortfiert an ob et eventuell Ännerungen oder Stéierunge gëtt.
Dëse Service ass Deel vun der Digitaliséierung vun der Passagéierinformatioun am RGTR-Reseau a mécht den Zougang zu aktuellen Informatiounen am ëffentlechen Transport nach méi einfach.
👉 Méi Informatiounen iwwer d’Passagéierinformatioun vum RGTR fannt Dir hei.
🇫🇷 Les informations bus en temps réel directement à l’arrêt
À quelle heure arrive le prochain bus ? Aux arrêts RGTR de la commune de Frisange, vous pouvez désormais consulter facilement les informations actualisées concernant votre trajet grâce à un QR code.
Il suffit de scanner le QR code affiché à l’arrêt avec votre smartphone. Vous accédez directement à une page regroupant les principales informations utiles pour votre trajet :
les prochains départs en temps réel ;
les horaires des lignes desservant l’arrêt ;
la recherche d’itinéraires et de correspondances ;
les perturbations en cours ;
une page de contact et de feedback.
Vous pouvez ainsi vérifier directement à l’arrêt l’heure de départ de votre bus ainsi que les éventuels changements ou perturbations.
Ce service s’inscrit dans le cadre de la digitalisation de l’information voyageurs sur le réseau RGTR et facilite davantage l’accès aux informations actualisées sur les transports publics.
👉 Retrouvez plus d’informations sur l’information voyageurs du RGTR ici.



