Veloskaart.lu

Veloskaart.lu – mat Ärer Hëllef fir besser a méi sécher Vëlosinfrastrukturen!

Mellt problematesch a geféierlech Plaze fir de Vëlo!

Ëmmer méi Leit wëlle Vëlo fueren…mee och wann sech eppes fir de Vëlo an de leschte Jore gedoen huet, sinn d’Infrastrukturen nach vill ze oft net wéi se sollte sinn. Et feelen deels Vëlospisten a wann der do sinn, sinn se net ëmmer sécher. Weider Problemer sinn onnéideg Ëmweeër, Hindernisser, wéineg Confort oder schlecht Beleeg a villes méi.

Wëllt Dir och net länger nokucken?!

Wëllt Dir mathëllefen datt et viru geet an datt de Vëlosverkéier am Land méi sécher gëtt?!
Dann drot Är problematesch Vëlosplazen – a wann Dir wëllt och Är Ureegunge fir d’Situatioun ze verbesseren – ganz einfach op enger interaktiver Kaart an, am beschten och mat Foto oder Video.

De Projet vum Mouvement écologique leeft bis den 31. Oktober 2021. Uschléissend wäert de Mouvement écologique dës Informatiounen anonym un déi betraffe Gemengen an den Transportministère weiderleeden a se der Press virstellen.

Mellt Problemer a geféierlech Plaze fir de Vëlo op der Plattform: Veloskaart.lu.

Signalez tous les points problématiques et endroits dangereux pour les cyclistes: Veloskaart.lu.

Pour plus d’informations: Flyer Veloskaart.lu (Version française page 3, English version page 4)

Dernière modification le 27.07.2021

Des articles de la même catégorie

Semaine européenne de la mobilité 2026

Semaine européenne de la mobilité 2026

🇱🇺 Europäesch Mobilitéitswoch 2026 Vum 16. bis den 22. September 2026 fënnt nees d’Europäesch Mobilitéitswoch statt. D’Initiativ sensibiliséiert all Joer fir eng méi nohalteg Mobilitéit an encouragéiert dozou, Alternativen zum individuellen Autoverkéier ze entdecken....

lire plus
De Schoulbuet 2026/2027

De Schoulbuet 2026/2027

🇱🇺 De Schoulbuet 2026/2027 ass online Déi nei Editioun vum Schoulbuet vun der Gemeng Fréiseng fir d’Schouljoer 2026/2027 ass elo online disponibel. Elteren a Schüler fannen hei all wichteg a praktesch Informatioune ronderëm d’Schouljoer: Schoulzäiten a Congéen,...

lire plus
Aller au contenu principal