☀️ Hëtztwell – Hëllef fir eeler a vulnerabel Persounen
☀️ Canicule – Aide aux personnes âgées et vulnérables

Bei héijen Temperaturen si virun allem eeler a vulnerabel Persoune besonnesch de Gesondheetsrisike vun enger Hëtztwell ausgesat. Fir si ze ënnerstëtzen, gëtt am Kader vum Hëtztplang e gratis Begleedungsservice ugebueden.
Wien ka vun dësem Service profitéieren?
De Service riicht sech u Persounen, déi:
- 75 Joer oder méi al sinn;
- eleng wunnen oder mat enger Persoun zesummeliewen, déi wéineg mobil oder invalid ass;
- eng limitéiert Autonomie hunn;
- keng Leeschtunge vun der Fleegeversécherung kréien.
Am Kader vun dësem Service ginn d’Beneficiairen duerch en Hëllefs- a Fleegenetz doheem begleet. Bei staarker Hëtzt gi reegelméisseg Kontakter an, wann néideg, Ënnerstëtzung ugebueden.
Wéi kann een sech umellen?
Persounen, déi d’Krittären erfëllen, oder Persounen, déi sech nees umelle wëllen, kënnen d’Lëtzebuerger Rout Kräiz kontaktéieren:
📞 2755 (Méindes bis Freides vun 8h00 bis 17h00)
📧 canicule@croix-rouge.lu
Bei Onwuel sinn, aussergewéinlecher Middegkeet, Schwindel, Kappwéi, Duercherneen oder Féiwer soll séier medezinesch Berodung ageholl ginn. Am Noutfall rifft den 112 un.
_________________________________
En période de fortes chaleurs, les personnes âgées et vulnérables sont particulièrement exposées aux risques liés à la canicule. Afin de les protéger, un dispositif gratuit d’accompagnement est proposé dans le cadre du Plan Canicule.
Qui peut bénéficier de ce service ?
Le dispositif s’adresse aux personnes qui remplissent les conditions suivantes :
- être âgées de 75 ans ou plus ;
- vivre seules ou avec une personne peu valide ou invalide ;
- disposer d’une autonomie limitée ;
- ne pas bénéficier de l’assurance dépendance.
Les bénéficiaires sont accompagnés par un réseau d’aides et de soins à domicile, qui assure un suivi adapté pendant les épisodes de fortes chaleurs.
Comment s’inscrire ?
Les personnes concernées, ainsi que celles qui avaient auparavant renoncé au dispositif mais souhaitent en bénéficier à nouveau, peuvent contacter la Croix-Rouge luxembourgeoise :
📞 2755 (du lundi au vendredi, de 8h00 à 17h00)
📧 canicule@croix-rouge.lu
En cas de malaise, de fatigue inhabituelle, de vertiges, de maux de tête, de confusion ou de fièvre, il est recommandé de consulter rapidement un professionnel de santé. En cas d’urgence, composez le 112.


