Klimabonus-Roadshow – Informéiert Iech iwwer déi nei staatlech Subventiounen
Dir interesséiert Iech fir erneierbar Energien, eng energieeffizient Renovatioun oder Elektromobilitéit?
Am Kader vun der Klimabonus-Roadshow informéiert d’Klima-Agence iwwer déi nei staatlech Klimabonus-Subventioune vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit.
Op verschiddene regionale Statioune kënnen d’Biergerinnen a Bierger sech iwwer d’Ënnerstëtzungsméiglechkeeten an de folgende Beräicher informéieren:
- Erneierbare Stroum
- Energeetesch Renovatioun
- Elektromobilitéit
D’Beroder vun der Klima-Agence stinn op der Plaz zur Verfügung, fir Froen ze beäntweren an iwwer déi verschidde Subventiounen ze informéieren.
Datumer a Plazen
All Informatiounsowender fänken um 18h30 un.
- 14.10.2026 – Lëtzebuerg
- 21.10.2026 – Diddeleng
- 28.10.2026 – Jonglënster
- 10.11.2026 – Ettelbréck
- 18.11.2026 – Munneref
- 24.11.2026 – Wäisswampech
- 01.12.2026 – Déifferdeng
- 09.12.2026 – Miersch
Weider Informatiounen iwwer d’Roadshow an déi eenzel Statioune fannt Dir op www.klimabonus.lu.
_________________________________________
Klimabonus Roadshow – Découvrez les nouvelles aides étatiques
Vous souhaitez en savoir plus sur les énergies renouvelables, la rénovation énergétique ou l’électromobilité ?
Dans le cadre de la Klimabonus Roadshow, Klima-Agence présente les nouvelles aides étatiques Klimabonus du ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité.
Plusieurs séances d’information sont organisées à travers le Luxembourg afin de renseigner les citoyens sur les aides disponibles dans les domaines suivants :
- La production d’électricité renouvelable et les systèmes de chauffage
- La rénovation énergétique
- L’électromobilité
Les conseillers de Klima-Agence seront présents pour répondre aux questions et informer les participants sur les différentes possibilités de subvention.
Dates et lieux
Toutes les séances débutent à 18h30.
- 14.10.2026 – Luxembourg
- 21.10.2026 – Dudelange
- 28.10.2026 – Junglinster
- 10.11.2026 – Ettelbruck
- 18.11.2026 – Mondorf-les-Bains
- 24.11.2026 – Weiswampach
- 01.12.2026 – Differdange
- 09.12.2026 – Mersch
Retrouvez toutes les informations sur la Roadshow et les différentes étapes sur www.klimabonus.lu.




