Mat Respekt an Héiflechkeet ass genuch Plaz op eise Feldweeër!

Mat Respekt an Héiflechkeet ass genuch Plaz op eise Feldweeër!

Campagne de sensibilisation « Mat Respekt an Héiflechkeet ass genuch Plaz op eise Feldweeër »

 

De Schäfferot huet, zesumme mat der Kommissioun vun de Feldweeër, d’Campagne « Mat Respekt an Héiflechkeet ass genuch Plaz op eise Feldweeër » lancéiert fir op e respektvollen Ëmgang tëscht de Leit, déi d’Feldweeër benotzen, opmierksam ze maachen. 

An dësem Kontext wëlle mir iech och un d’Campagne « Zesummen ënnerwee » vum Mobilitéitsministère erënneren.

* * * * * *

Le Conseil échevinal a lancé, ensemble avec la Commission des chemins ruraux, la campagne « Mat Respekt an Héiflechkeet ass genuch Plaz op eise Feldweeër » pour promouvoir une interaction respectueuse entre tous les utilisateurs des chemins ruraux.

Dans ce contexte, nous vous rappelons également la campagne « Zesummen ënnerwee » du Ministère de la mobilité.

 

Veloskaart.lu

Veloskaart.lu

Veloskaart.lu – mat Ärer Hëllef fir besser a méi sécher Vëlosinfrastrukturen!

Mellt problematesch a geféierlech Plaze fir de Vëlo!

Ëmmer méi Leit wëlle Vëlo fueren…mee och wann sech eppes fir de Vëlo an de leschte Jore gedoen huet, sinn d’Infrastrukturen nach vill ze oft net wéi se sollte sinn. Et feelen deels Vëlospisten a wann der do sinn, sinn se net ëmmer sécher. Weider Problemer sinn onnéideg Ëmweeër, Hindernisser, wéineg Confort oder schlecht Beleeg a villes méi.

Wëllt Dir och net länger nokucken?!

Wëllt Dir mathëllefen datt et viru geet an datt de Vëlosverkéier am Land méi sécher gëtt?!
Dann drot Är problematesch Vëlosplazen – a wann Dir wëllt och Är Ureegunge fir d’Situatioun ze verbesseren – ganz einfach op enger interaktiver Kaart an, am beschten och mat Foto oder Video.

De Projet vum Mouvement écologique leeft bis den 31. Oktober 2021. Uschléissend wäert de Mouvement écologique dës Informatiounen anonym un déi betraffe Gemengen an den Transportministère weiderleeden a se der Press virstellen.

Mellt Problemer a geféierlech Plaze fir de Vëlo op der Plattform: Veloskaart.lu.

Signalez tous les points problématiques et endroits dangereux pour les cyclistes: Veloskaart.lu.

Pour plus d’informations: Flyer Veloskaart.lu (Version française page 3, English version page 4)

Aller au contenu principal